Schlofberodung fir Neigebueren, Puppelcher, a Klengkanner zu Lëtzebuerg
Mat Matgefill guidéieren ech Iech fir Ärem Kand bäizebréngen vum selwen an ze schlofen an d’Nuecht duerch ze schlofen
Ech hëllefen Iech bei Problemer wéi wann äert Kand zum Beispill Owes net well Schlofe goen, an der Nuecht- an/oder an de fréie Mueresstonne waakreg gëtt, an bei Villem méi.
Schlofziler déi am Beschten bei Är Famill passen
Schlof ass net fakultativ. Et ass eng Noutwennegkeet.
Wann d'Leit Eltere ginn, denken se oft, datt dat heescht, datt se ni méi schlofen wäerten, oder datt se just musse "domat eens gin", wann hiert Kand net schléift. Frënn a Famill soen hinnen esouguer datt dëst einfach esou ass, an datt et mat der Zäit besser gëtt. Awer Schlof ass kee Luxus, an et ass net fakultativ. Et ass eng Noutwennegkeet déi Ärem Kierper hëlleft gesond ze bleiwen, net nëmme kierperlech mee och mental. Wann Äert Kand Iech déi ganz Nuecht ophält, huet dat net nëmmen en Afloss op säi eegene Schlof, mee och op Ären.
Dat ass de Grond firwat ech The Sleep Avenue gegrënnt hunn. Ech sinn hei fir Iech mat Matgefill ze guidéieren fir Ärem Kand bäizebréngen onoofhängeg anzeschlofen an duerch d'Nuecht ze schlofen, an dëst dank der Schlof Berodung. Sou bitt Dir net nëmmen dat wat am Beschten ass fir d'Entwécklung, den Wuesstem an d'Wuelbefannen vun Ärem Kand; mee Dir erlaabt och Ärer ganzer Famill vun engem gudde an erhuelsame Schlof ze profitéieren.
Nodeems ech meng eegen Schlofproblemer mat menger eelster Duechter dem Héloïse hat, wëll ech lo Famillen hëllefen hir eegen Schlofproblemer ze léisen.
The Sleep Avenue an de Medien
Follow me
@thesleepavenue