Packagen
Newborn
0 - 3 Méint
En neie Puppelchen ze begréissen kann Villes an enger Famill op d’Kopp stellen. Et kann heiansdo e bëssen iwwerwältegend sinn, an mat vill Froen a Suergen verbonnen sinn. Gutt Schlofbasen setzen sollt dofir net nach een Zousazstress bedeiten.
Mam Newborn Package, fir Puppelcher vun 0 - 3 Méint, guidéieren a preparéieren ech Iech fir ärem Kand déi gutt Schlofgewunnegten mat op den Wee ze ginn, an dëst ab dem éischten Dag. Mir schwätzen hei net vun Sleep Training, well Puppelcher méi jonk wéi 4 Méint sinn nach net prett fir klassesche Sleep Training, bis se méi laang tëscht de Moolzechten kënne aushalen an hiren zirkadianesche Rhythmus ufänkt ze entwéckelen. Gutt Schloffundamenter setzen, erlaabt Iech awer Är nei Routine ze fannen an en optimaalt Schlofenvironnement fir Ären Puppelchen ze kreéieren. An virun Allem net an en Däiwelskrees vun schloflosen Nuechten ze geroden, vun deenen jiddereen schwätzt. Dëst erlaabt Iech Iech op dat Wichtegst ze konzentréieren: Ären Puppelchen kennen ze léieren, an Iech an dëser neier Familljekonstellatioun ze fannen.
Baby
4-18 Méint
Déi Neigebuerendeeg sinn hannert Iech, a wat wéi eng temporär schloflos Situatioun ausgesin huet, ass awer elo d’Norm. Musst dir Äert Kand stonnelaang an den Äerm juppelen bis et aschléift, mécht et nëmmen kuerz Siesten, oder steet Moies esou fréi op dass dir nach net prett sidd fir den Dag unzegoen? Hat et e gudden Schlof bis elo, mee bemol hu seng Schlofgewunnechten sech verännert?
Dëse Package ass fir Kanner vun 4 – 18 Méint, an ass perfekt fir déi Elteren déi sech no villen schloflosen Nuechten froen op Sie jee rëm schlofen wäerten. Ech stinn Iech zur Säit wann dir Ärem Kand bäibréngt onofhängeg anzeschlofen an d’Nuecht duerch ze schlofen.
Aus Sécherheetsgrënn schaffen ech nëmme mat Kanner, déi nach an engem Bébébettchen sinn.
Toddler
19 - 30 Méint
Vill Elteren huelen un datt en Puppelchen ze hunn heescht datt se eng Zäit laang net wäerten schlofen an datt et mat der Zäit besser wäert goen. Awer wat geschitt wann d'Méint eriwwerginn an Dir mierkt datt et awer net besser gëtt?
Villäicht fillt Dir Iech wéi wann d’Schlofenszäit en stännege Kampf ass mat Ärem Kand. Oder datt et nach net ganz den Dréi raus huet fir eleng anzeschlofen, säin Bett mat Iech deelen well, e puer Mol an der Nuecht erwächt oder an de fréie Moiesstonnen. Ech sinn hei fir Iech ze soen datt et ni ze spéit ass Ärem Kand bäizebréngen eleng anzeschlofen an déi ganz Nuecht duerch ze schlofen.
Aus Sécherheetsgrënn schaffen ech nëmme mat Kanner, déi nach an engem Bébébettchen sinn.